Foire Agricole fir Kanner

Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole och dëst Joer nees de Grondschoulkanner an hirem Léierpersonal en intressanten an ofwiesslungsräichen Dag op der Foire Agricole un. E Freideg, den 29. Juni 2012 kréien si a verschiddenen Atelieren – déi an Zesummenaarbecht mat den Aussteller ausgeschafft gi sinn – d’Geleeënheet, fir d’Landwirtschaft mat hirer ganzer Villfalt ze entdecken an ze erliewen.

Wichteg: Well an der Tëschenzäit e groussen Deel vun den Ateliere reservéiert ass, biede mir d’Léierpersonal, déi hir Schoulklass fir deen een oder aneren Atelier aschreiwe wëllen, sech nach just telefonesch mat der Zentral vun de LJB&JW a Verbindung ze setzen, um Tel 44743 – 252 (vun 09:00 – 12:00 Auer).

Weider Informatiounen zum Oflaf vum Dag fënnt d’Léierpersonal an dëser Invitatioun.

LLJ

Comments are closed.