Aktioun “100 Kassine fir de Burkina Faso”

Am Hibléck op d’Maximéierung vun den Erträg soll d’Aarbecht mat der Kassin fir vill  Produzente vum Plateau central am Burkina Faso erméiglecht ginn.

Zënter Januar 2008 ënnerstëtzt d’ONG de lokale Partner “Association Les Mains Unies du Sahel” (AMUS) bei der Ëmsetzung vum Kooperatiounsprojet “Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine” (CTAA) zu Imasgo am Burkina Faso. Bis Dezember 2012 ginn/goufe ronn 1.000 Baueren aus deene véier “Comités Villageois de Développement” (CVD) – Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna – déi enk mam CTAA zesummeschaffen, am fachgerechten Ëmgang mam Iesel an dem Uspane vun der Kassin vu Moniteuren vum Zentrum ausgebilt.

Mat der Aktioun “100 Kassinen” well d’ONG nach méi Produzenten d’Méiglechkeet bidden, fir op dat interessant Aarbechtgeschir zréckzegräifen. Dat am Moment verfügbart Material (9 Kassinen) vun de Produzente vun Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna soll op 20 Stéck pro CVD eropgestockt ginn a weidere Bauerenorganisatiounen – déi Interessi un de Formatiounen vum CTAA gewisen hunn – soll d’Geleeënheet gebuede ginn, fir hire Memberen eng Kassin bei Bedarf zur Verfügung ze stellen.

Wann Dir dës Aktioun – an deemno déi mannerbemëttelt Produzenten am Burkina Faso ënnerstëtze wëllt – kënnt Dir dat maachen mat engem Don op ee vun de Konte vun der ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.:

CCPL LU05 1111 0050 3083 0000
CCRA LU32 0090 0000 0157 8004

mam Vermierk: Aktioun “100 Kassine fir de Burkina Faso”. Är Done si steierlech ofsetzbar!

Detailléiert Beschreiwung vun der Aktioun

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert