Receptioun bei Geleeënheet vun der Hochzäit vun H.A.R. dem Grand-Duc Héritier Guillaume an der Comtesse Stéphanie de Lannoy

Bei Geleeënheet vun der Hochzäit vun H.A.R. dem Grand-Duc Héritier Guillaume an der Comtesse Stéphanie de Lannoy, huet d’Lëtzebuerger Regierung d’Vertrieder vun de Jugendorganisatiounen op eng Receptioun  agelueden, déi den 19. Oktober 2012 a Präsenz vun der jonker Koppel am Groussen Theater offréiert gouf.

Fir d’Carmen Schiltz, Presidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend, de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, de Remy Harpes, President vun der Daachorganisatioun Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer, an de Vertrieder aus de regionale Gruppen – Joëlle Kirschten, resp. Charel Etringer – war et eng grouss Éier un dëser Receptioun deelzehuelen, e puer Wuert mat der jonker Koppel auszetauschen an Hir all Guddes fir d’Zukunft ze wënschen.

Mir schléissen äis de Gléckwënsch vun de Presidenten a Vertrieder vun der LLJ – JB&JW un, a wënschen H.A.R. dem Grand-Duc Héritier Guillaume an der Prinzessin Stéphanie dat Allerbescht op Hirem gemeinsame Liewenswee.

Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert