Dag vun der Kooperatioun 2012

D’ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. an d’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer ‘Zenter’ a.s.b.l. invitéiere ganz häerzlech op

En Dag vun der Kooperatioun
zugonschte vun de Kooperatiounsprojete vun de LJB & JW

e Sonndeg, den 11. November 2012 zu Rammerech

Programm:

10:30 Auer:
Mass an der Kierch vu Rammerech
Musikaleschen Endradement duerch VOICEMOTION

Uschléissend am Centre Culturel, 8, rue du Nord
Concert-Apero mat der Päreler Musek,
Gesellegt Zesummesinn,
Ausstellungsstänn,
Weltbuttek,
Bastelatelier fir Kanner

12:30 Auer:
Mëttegiessen

Menü :
Paschtéit, gebootschte Gromperen, Ierzen a Muerten, 1 Taass Kaffi fir 15,00 €

Kannermenü:
Kannerportioun Paschtéit, gebootschte Gromperen, Ierzen a Muerte fir 8,00 €

(D’Umeldung fir d’Mëttegiessen ass bis de 5. November erwënscht: um Tel. 621 617 724 vum Myriam Binck)

13:30 Auer:
Virstellung vun den Aktivitéite vun der ONG-D

LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter

Hannerlooss eng Äntwert