Den LJB&JW-President Jeff Boonen an der RTL-Emissioun Background

RTL- 06-04-2013E Samschdeg, de 6. Abrëll 2013, war – niewent den Häre Léon Wietor, Direkter vun der ASTA, an Aly Leonardy, Vize-President vun der Chambre d’Agriculture – de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, vun 12:00 – 13:00 Auer, live an der RTL-Emissioun Background ze héieren. Mam RTL-Reporter Roy Grotz sinn – ënner anerem – folgend agrarspezifisch Themen ugeschwat ginn:

  • Aktuell Situatioun vun de Baueren a Wënzer zu Lëtzebuerg (Akommes, Betribsgréissten, …)
  • IVL / Plans sectoriels (Ausweise vu protegéierten Zonen, …)
  • Zukunft vun de Betriber (Nowuess, Reprisen, …)
  • Liewensmëttel-Sécherheet a Rôle vun der Landwirtschaft (Produits du Terroir, …)
  • Auswierkunge vun der PAC (Politique Agricole Commune) op Lëtzebuerg (Wat bedeit Greening?)
  • Bio-Landbau – Zukunft/Alternativ?
LLJ

Hannerlooss eng Äntwert