Impressioune vum Neijooschpatt 2014

E Freideg, den 3. Januar 2014, huet de regionale Landjugendgrupp Dikkrich – zesumme mat de Presidente vun eisen Associatiounen – op deen traditionnelle Neijooschpatt op Ettelbréck an de Chalet am Grondwee agelueden. Vill Memberen aus de Verbänn vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer waren um Rendezvous, fir e puer flott Stonnen mat de Frënn a Bekannten ze verbréngen. (Fotoe vum Jeff Boonen)

LLJ Dikrich

Hannerlooss eng Äntwert