Bedeelegung un der Diskussiounsronn zur Ëmsetzung vun der EU-Agrarreform

En Dënschdeg, den 11. Februar 2014 huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen op de Rouscht an de Vitarium vun der LUXLAIT invitéiert, fir mat den Akteuren aus der Landwirtschaft, d’Orientatiounen zu der Ëmsetzung vun der EU-Agrarreform an dat nationaalt Recht ze diskutéieren.

De Schwéierpunkt vum Dag loung op der Reform vum 1. Pilier vun der EU-Agrarpolitik mat den Themen: Definitioun a Konvergenz vun den Direktzahlungen, Neiverdeelung vun den Ausbezuelungen, Auswierkunge vum Greening, Definitioun vum  aktive Bauer, Moossnahme fir  jonk Baueren, gekoppelt Prämien fir den Ubau vu Leguminosen, …

D’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – vertrueden duerch de Laurent Frantz, Marc Roeder, Fränz Schlechter a Jeff Boonen, hunn de Minister opgeruff, déi Bäihëllefen esou ze organiséieren, dass si den aktive Baueren, a – virun allem – de jonke Baueren zegutt kommen. Weider Diskussiounsronnen zu deenen uewe genannten Theme sinn an deenen nächste Méint virgesinn.

Jeff Boonen
President
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l.


Fotoen: Fränz Schlechter, Aly Leonardy

Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert