Visite de suivi 2014 vum Kooperatiounsprojet CTAA

Départ pour le Burkina - 08-02-2014Zesumme mam Abbé Romain Richer (r.), President vun der ONG, sinn d’Madame Jacqueline Monville (2.v.l.), Chargée de projets, an d’Häre Marcel Scheidweiler (4.v.l.), Member vum Conseil d’administration, a Carlo Schiltges (3.v.l.), Vize-President, den 8. Februar 2014 vum Findel aus, fir 14 Deeg an de Burkina Faso geflunn.

Um Programm vun der Rees steet virun allem de Suivi vum Kooperatiounsprojet CTAA (Centre technique d’amélioration de la traction asine), deen d’ONG zënter 2008 mam lokale Partner Mains Unies du Sahel zu Imasgo realiséiert a vum Lëtzebuerger Ministär fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef – an eise generéisen Donateuren – ënnerstëtzt gëtt.

D’Delegatioun besicht an deenen éischten Deeg um Terrain d’Partnerdierfer vum CTAA (Imasgo, Tiogo, Sabouna a Koalma) mat deene respektive Bauerenorganisatiounen (Comités Villageois de Développement – CVD). Déi zweet Woch ass reservéiert fir sech mam lokale Partner iwwer eng weider a wahrscheinlech lescht Etapp vum laangjärege Kooperatiounsprojet ze beroden a fir sech um CPS (Comité de Pilotage Stratégique) ze bedeelegen, wou Réckschlëss op d’Aktivitéiten aus dem Joer 2013 gezu ginn an d’Aarbechten vun 2014 am Detail geplangt ginn.

Mir kommen deemnächst hei op dës Visite de suivi zréck.

Op der Foto gesäit een och d’Madame Marie-Antoinette Scheidweiler-Recken (1.v.l.), déi hirersäits fir Partage-Afrique ënnerwee ass, an d’Projete besicht, déi hir Associatioun am Interessi vun der lokaler Bevëlkerung aus dem Burkina Faso ëmsetzt.

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert