Entrevue mam neie Landwirtschaftsminister

IMG_2521 - klengEn Dënschdeg, den 28. Januar 2014 huet sech de Präsidium vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer (Jeff Boonen, Charel Etringer, Christian Hahn, Jean-Michel Neser, Franky Peller, Fränz Schlechter) zesumme mam Abbé Romain Richer, President vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” eng éischte Kéier mam neie Landwirtschaftsminister Fernand Etgen a mat Zoustännegen, resp. Vertrieder aus dem Landwirtschaftsministär an de staatleche Verwaltunge getraff.

Um Gespréichsdësch am Landwirtschaftsministär souzen d’Hären Léon Wietor, Direkter vun der ASTA, Pierre Treinen, Direkter vum SER,  Dr. Felix Wildschutz, Direkter vun der Inspection vétérinaire, Georges Fohl vum Office national du Remembrement an André Van den Dries, 1er Conseiller de gouvernement.

Folgend Themen stounge während der interessanter Entrevue um Ordre du jour: neit Agrargesetz a Plan de développement rural, Primerechter, Neiregelung vum Landmaart, Stäerkung vun der landwirtschaftlecher Forschung an dem Wëssenstransfert, Nitratdirektiv, gesond Véibestänn,… an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am ländleche Raum am Kongo, am Burkina Faso an am Kamerun leescht.

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert