D’Assurances Foyer Claire Schumacher et Associés ënnerstëtzen d’Kooperatiounsaarbecht vun de LJB & JW an Afrika

E Freideg, den 28.DSC_1550 - 3 Februar 2014 hunn den Här an d’Madame Majerus-Schumacher vun den Assurances Claire Schumacher et Associés (Agence principale Foyer) sech am Centre Convict mam Abbé Romain Richer, President, Jacqueline Monville, Chargée de projets, a François Glodt, Sekretär, getraff fir sech iwwer déi rezent Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der ONG-D ze informéieren.

Bei där Geleeënheet hunn si dem Abbé Romain Richer e Scheck am Wäert vun 1.000 € iwwerreecht, fir d‘Aarbecht am Interessi vum mannerbemëttelte Bauerestand am Burkina Faso ze ënnerstëtzen. 

D’Madame Claire Majerus-Schumacher huet de Vertrieder vun der ONG-D matgedeelt, datt innerhalb vun der Agence principale Foyer d‘Decisioun geholl gouf, fir op déi gängeg Kadoe fir d’Clienten um Enn vum Joer ze verzichten an déi proposéiert Zomm fir eng gutt Saach anzesetzen. Déi 2.000 € goufen deemno opgedeelt, sou datt niewent dem Service Coopération vun de LJB & JW och der Associatioun SOS – Villages d’Enfants Monde e Scheck vun 1.000 € zougestallt ginn ass.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir der sympathescher Koppel e ganz grousse Merci fir dee schéine Gest.

(v.l.n.r.: François Glodt, Jacqueline Monville, Mme Claire Majerus-Schumacher, Abbé Romain Richer, Här Majerus)

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert