E wonnerbare Gest vun de Fentenger Gesangveräiner

IMG_6214 - 2Am Kader vun enger sympathescher Feier, op déi d’Chorale CANTABILE an de Kanner- a Jugendchouer Les Allouettes an déi Nei Schoul op Fenteng agelueden haten, hunn déi béid Gesangveräiner de 25. Februar 2014 déi impressionant Zomm vun 9.000 € un dräi Associatioune fir hir respektiv Wierker iwwerreecht.  

A Präsenz vum Här Buergermeeschter Marc Lies, konnten deemno jeeweils 3.000 € un d’Vertrieder vun der Associatioun ALAN a.s.b.l. (Association Luxembourgeoise d’aide pour les personnes Atteintes de maladies Neuromusculaires et de maladies rares), der Fondation Cancer, an der ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. weidergeleet ginn.

A Vertriedung vum Verwaltungsrot vun der ONG-D, ass d’Madame Marie-Claude Dornseiffer-Marx während hirem Virtrag kuerz op déi iwwer 50-järeg Geschicht vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer agaangen, fir dono de Kooperatiounsprojet virzestellen, fir deen en Deel vum Erléis vum Adventsbazar 2013 vun deene béide Gesangveräiner konkret agesat gëtt.

Si huet versëchert, datt d’Suen, déi fir de Bau an den Equipement vun enger klenger Maternité zu Soa am Kamerun, de Beneficiairen direkt zegutt kommen.

Am Numm vum Verwaltungsrot huet d’Mme Dornseiffer-Marx de Verantwortleche vun de Gesangveräiner e ganz grousse Merci ausgeschwat, fir d’Ënnerstëtzung déi si der Kooperatiounsaarbecht vun de LJB & JW zoukomme gelooss hunn.

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert