Impressioune vun der Generalversammlung vun der LLJ Zenter

E Freideg, den 21. Februar 2014 huet de regionale Grupp ‘Zenter’ vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer op hir dësjäreg Generalversammlung an d’Millen op Biekerech agelueden.

Bei där Geleeënheet huet de Comité vum ‘Zenter’ de Vertrieder vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer e Scheck am Wäert vun 2.500 €  iwwerreecht. D’Dammen Ferni Wolter-Hilgert, Vize-Presidentin, a Marianne Lisarelli-Schleich, Trésorière vum CA vun der ONG-D, hunn dem Comité – a speziell dem  oftriedende President Christian Hahn an dem Patrick Loesch, laangjärege Member  vum regionale Grupp – am Numm vum Verwaltungsrot e ganz grousse Merci ausgeschwat, fir dee wonnerbare Gest, deen de Landjugendgrupp der ONG-D entgéintbruecht huet.

Op en neits huet de Landjugendgrupp, mat deem generéise Scheck, seng Solidaritéit mat  der mannerbemëttelter Landbevëlkerung an Afrika zum Ausdrock bruecht.

Fotoen: Jeff Boonen

LLJ Zenter

Hannerlooss eng Äntwert