Impressioune vun der Generalversammlung 2014 vun der LLJ Maacher

De regionale Grupp “Maacher” vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer huet e Freideg, den 21. Mäerz 2014 op hir uerdentlech Generalversammlung an de Café du Commerce op Rouspert agelueden. No der Begréissung  duerch de President Charel Etringer,  dem Virdroe vum Aktivitéitsbericht 2013  duerch d’Sekretärin Tessy Schiltz, der Virstellung vum Keessebericht duerch den Trésorier Laurent Schiltz, an deene weidere Punkten, déi um Ordre du jour vun der Generalversammlung stoungen, huet de Comité vun deene Maacher, dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” e Scheck am Wäert vun 1.000 € iwwerreecht.

Den Abbé Romain Richer, dee mat Hëllef vun enger PowerPoint-Presentatioun op d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG-D an Afrika agaangen ass, huet dem Comité vun  deene Maacher am Numm vum Verwaltungsrot e grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest vu Solidaritéit mam mannerbemëttelte Bauerestand an Afrika, deen de Landjugendgrupp mat dësem Scheck ausgedréckt huet.

LLJ Maacher

Hannerlooss eng Äntwert