Scheckiwwerreechung vun der LLJ Cliärref

DSCF4528 - 2Bei Geleeënheet vun hirer dësjäreger Generalversammlung – déi e Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 am Sall zu Eselbuer ofgehale ginn ass – huet de regionale Landjugendgrupp “Cliärref” dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, e Scheck am Wäert vun 1.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht iwwerreecht. Mat dësem schéine Gest huet den dynamesche Landjugendgrupp op en Neits seng Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevëlkerung an Afrika zum Ausdrock bruecht. Am Numm vum  Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vun deene Cliärrefer e ganz grousse Merci.

Foto: Viviane Braquet

LLJ Cliärref

Hannerlooss eng Äntwert