Klenge Réckbléck op d’Generalversammlungen vun der LLJ – JB & JW

E Freideg, de 4. Abrëll 2014 hunn d’Verbänn vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer op hir dësjäreg uerdentlech Generalversammlungen op Ettelbréck agelueden. Am Festsall vum Lycée Technique Agricole haten sech ronn 50 Memberen aus den nationalen Associatiounen an aus de regionale Gruppen vun der LLJ – JB & JW afonnt, fir op den Exercice 2013 zréckzeblécken an en offiziell – laut de Statuten – ofzeschléissen. Dësweideren hunn déi respektiv Presidenten en Ausbléck op den Aktivitéitskalenner vum Joer 2014 gemaach.

D’Rapporte vun deenen eenzelne Generalversammlungen sinn nom 11. Abrëll 2014 fir d’Memberen aus den Nationalcomitéën an der Rubrik “Rapporten” verfügbar.

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert