Conveniat vum Grupp, deen 1983 zu Lwono am Zaïre de Kooperatiounsprojet “Centre de Formation Rurale” besicht huet

Am Kader vun enger sympathescher Soirée, hunn sech d’Ancienë vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – déi am Dezember 1983 un der sougenannter “2. Afrika-Expeditioun” bedeelegt waren – den 21. November 2014 an der Bricher Stuff getraff, fir sech no laange Joren zréckzegesinn, e puer flott Stonne bei gudder Stëmmung ze verbréngen an d’Erënnerungen opzefrëschen.

Zesumme mat hirem Nationalaumônier, dem Abbé Léon Kirsch, hu si sech deemools op de Wee an de Zaïre (haut Demokratesch Republik Kongo) gemaach, fir sech e Bild vun der Kooperatiounsaarbecht ze maachen, déi d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am “Centre de Formation Rurale” zu Lwono geleescht hunn.

 

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert