Treffe mat den Europadeputéierten zum TTIP

De 17. November 2014 hunn d’Vertrieder vun der Plattform “PTCI/TTIP” sech mat de Lëtzebuerger Europadeputéierten – der Mme Mady Delvaux-Stehres, resp. den Häre Georges Bach a Frank Engel – an de 24. November 2014 mat der Mme Viviane Reding an dem Här Claude Turmes getraff, fir sech iwwer deen ëmstriddene Fräihandelsaccord mat den USA auszetauschen. D’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer goufen duerch de Laurent Frantz vertrueden.

Detailer zu dësem Treffen an de Positioune vun de Lëtzebuerger Vertrieder am Europa-Parlament, fënnt deen Interesséierten am Pressecommuniqué vum 27/11/2014.

 

 

Downloads, Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert