Ënnerschreift och Dir d’Petitioun géint den ëmstriddene Fräihandelsaccord mat den USA

Stop TTIPMat 12 weidere Lëtzebuerger Associatiounen – dorënner Gewerkschaften, de Konsumenteschutz, Ëmweltorganisatiounen an Associatiounen aus dem soziale Beräich – hunn d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer sech zesummegedoe, fir Neen zum geplangtenen transatlantesche Fräihandelsaccord tëscht der EU an den USA ze soen – dem TTIP – dem Transatlantic Trade and Investment Partnership.

Mam Fräihandelsaccord ginn europäesch Standarden an Domainer wéi dem Klimaschutz, der Landwirtschaft, am soziale Beräich oder dem Konsumenteschutz, fir déi joerelaang gekämpft gouf, a Fro gestallt.

Mat der Ënnerstëtzung vun der europäescher Biergerinitiativ géint den ëmstriddenen TTIP an dem ënnerschreiwe vun hirer Petitioun, kënnt och Dir Ären Désaccord ausdrécken: stop-ttip

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert