Impulser fir de „Lëtzebuerger Aktiounsplang Pestiziden“

Aktiounsplang PestizidenPraktikabel Moossname fir d’Landwirtschaft am Respekt vun Ëmwelt a Gesondheet

Heimat invitéiert d’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zesumme  mam OekoZenter Pafendall op d’Konferenz zum “Lëtzebuerger Aktiounsplang Pestiziden”, en Donneschdeg, den 12. Mäerz 2015 vu 09.30 bis 13:00 Auer am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck.

Engersäits sechere Planzeschutzmëttel den Ertrag vun de Baueren, anerersäits biergen se Risike fir d’Ëmwelt a fir d’Gesondheet. Eng EU-Direktiv soll dës Risiken an den EU-Memberstaten op e Minimum reduzéieren. D’Instrument dofir ass en Aktiounsplang mat quantitativen an zäitlechen Ziler, deen an de concernéierte Länner opgestallt sollt ginn.

Momentan gëtt de “Lëtzebuerger Aktiounsplang Pestiziden” iwwerschafft. D’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Zesummenaarbecht mam OekoZenter Pafendall wëll an deem Kontext mat enger Konferenz, Impulser an Iddie fir d’konkret Gestaltung vum Aktiounsplang liwweren. Dofir gëtt iwwert d’Grenz op eis franséisch an däitsch Nopere gekuckt. Wat hunn si sech fir Ziler gesat, wéi ginn se ëmgesat a wat gouf effektiv dovun erreecht? Wat ass zu Lëtzebuerg néideg, mee fir de Bauer och betriibswirtschaftlech machbar a wou kann d’Berodung usetzen?

An 3 Virträg vun 3 verschiddene Referenten an an enger Diskussiounsronn mam Här Léon Wietor (Direkter vun der ASTA) a mam Här Camille Gira (Staatssekretär am MDDI) sollen dës an ähnlech Froe gekläert ginn. Bei engem gemeinsame Mëttegiessen ka weider zesummen diskutéiert ginn.

Genee Informatiounen zu de Virträg an dem Programm op dëser Invitatioun. Umeldung iwwer agri@oeko.lu oder Tel : (+352) 43 90 30 48 | Fax : (+352) 43 90 30-43 ouni oder mat Mëttegiessen (an deem Fall 15 € Käschtebäitrag op der Plaz ze bezuelen).

Downloads

Hannerlooss eng Äntwert