Scheckiwwerreechung vun der LLJ – JB & JW Zenter

LLJ Zenter - AG 2015_030Eemol méi huet dee regionale Landjugendgrupp Zenter seng Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika mat engem generéise Scheck vun 2.000 € ausgedréckt. Op der dësjäreger uerdentlecher Generalversammlung, op déi de Comité seng Memberen an Interesséiert e Freideg, de 27. Februar 2015 an d’Brasserie ‘An der Millen’ op Biekerech  invitéiert hat, huet hien dem Franz Glodt, Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der ONG-D ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ dat symbolescht Dokument iwwerreecht.

Am Numm vum Verwaltungsrot huet de Franz deene Verantwortleche vum Grupp säi grousse Merci ausgedréckt, fir dës schéin Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG-D zënter laange Joren an Afrika realiséiert. Mat Hëllef vun enger PowerPoint-Presentatioun ass hien op déi eenzel Kooperatiounsprojeten agaangen, déi am Moment am Burkina Faso, an der Demokratescher Republik Kongo an am Kamerun vun de lokale Partner vun der ONG-D realiséiert ginn.

Dës Weideren huet hie vun der Geleeënheet profitéiert, fir dem Comité – mat un der Spëtzt dem President Fränz Kass – an den aktive Membere vun der LLJ – JB & JW Zenter säi Merci auszeschwätzen, fir d’Engagement, dat si iwwer d’Joer erduerch fir de Grupp a fir d’Lëtzebuerger Landjugend, resp. fir d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer leeschten.

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter

Hannerlooss eng Äntwert