RTL-Background am Gespréich: Emissioun vum 21. Mäerz 2015

RTLLandwirtschaft zu Lëtzebuerg: Invitéë waren de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, de Marc Fisch vun der Bauerenzentral, de Raymond Aendekerk vun Natur & Ëmwelt an de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.

radio.rtl.lu: De Landwirtschaftsministère ass amgaang dat neit Agrargesetz ze finaliséieren. Den Text soll Mëtt Abrëll 2015 fäerdeg sinn, fir datt en da virun der Summervakanz an der Chamber gestëmmt ka ginn, dat sot de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen e Samschdeg de Mëtteg (21/03/2015) an der Emissioun Background, wou d’Landwirtschaft am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen tëscht dem Minister, Vertrieder vun der Landwirtschaft an der Associatioun “Natur & Ëmwelt” stoung.

Diskutéiert gouf iwwert déi grouss Ausriichtunge vun der Landwirtschaftspolitik, an d’Weeër, wéi Ëmweltschutz an d’landwirtschaftlech Produktioun ënnert een Hutt bruecht kënne ginn. Datt d’Landwirtschaft ëmdenke muss, do ware sech d’Acteuren am Studio eens. Beim Wee dohinner ginn d’Meenungen nach auserneen.

D’Emissioun kann weiderhin op RTL.lu gelauschtert ginn.

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert