E puer Impressioune vun der Generalversammlung 2015 vun der ONG

E Freideg, den 30. Mäerz 2015 hunn déi Verantwortlech vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, d’Membere vun der ONG-D op déi uerdentlech Generalversammlung 2015 an d’Raimlechkeete vun der ErwuesseBildung am Centre Convict agelueden.

Niewent deem klasseschen Ordre du jour vun enger Generalversammlung (Begréissung duerch de President, Aktivitéitsbericht 2014 virgedroe vum Sekretär, Presentatioun vun den aktuelle Kooperatiounsprojeten duerch d’Chargée de projets, Virleeë vum Bilan vum Exercice 2014 vun der Trésorière,…) ass de President op d’Conclusioune vun der rezenter Evaluatioun vun der ONG-D an dem Kooperatiounsprojet CTAA duerch Harmattan s.à.r.l. agaang. Déi definitiv Conclusioune vun dëser Evaluatioun ginn deemnächst hei um Site publizéiert.

 

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert