Impressioune vun der Journée de réflexion 2015

E Samschdeg, de 14. Mäerz 2015 hunn déi Verantwortlech vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer, d’Memberen aus de Verbänn op Miedernach op eng Journée de réflexion agelueden.

Am Centre Arend-Fixmer goufen sech de ganze Dag iwwer Gedanken zu aktuellen Uleies vun den Associatiounen an am Speziellen zu de Sensibilisatiounsaktioune vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, der weiderer Publikatioun vun der Verbandszeitung ” Lëtzebuerger Duerf” an der mëttelfristeger Reorganisatioun um Siège vun den Associatiounen am Centre Convict gemaach.

Déi Verantwortlech wäerten d’Impulser vum Dag an deenen nächste Méint regelméisseg opgräifen, fir déi néideg Mesuren an d’Weeër kënnen ze leeden, fir datt d’Aarbecht am Interessi vun der Lëtzebuerger Landjugend, de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an dem Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer weiderhi garantéiert ass.

D’Madame Denise Richard vun der ONG-D “Bridderlech deelen” huet hiert Fachwësse matbruecht fir duerch den Dag ze féieren. Hir soe mir e ganz grousse Merci fir dee wichtegen externe Bléck op eis Associatiounen an der Begleedung vun de Participanten.

 

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert