Visite vum EU-Kommissär Phil Hogan

Am Kader vun der offizieller Aarbechtsvisite vum 30. Mäerz 2015 vum Här Phil Hogan, EU-Kommissär fir Landwirtschaft a ländlech Entwécklung, stoung  – niewent de Reunioune mat de Verantwortleche vum Ministère vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Protectioun vun de Konsumenten an der zoustänneger Chamberkomissioun – en Treffe mat den Acteuren aus dem landwirtschaftleche Secteur um Programm.

Esou gouf och de Vertrieder vum Präsidium vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer d’Geleeënheet gebueden, fir sech um Schlass zu Senneng mam EU-Kommissär iwwer d’Erausfuerderungen auszetauschen, mat deem de landwirtschaftleche Secteur am Moment konfrontéiert ass.

Weider Andréck vun der Visite op der Internetsäit vun ALCOVIT

 

 

Fotoen

Hannerlooss eng Äntwert