Dagesexcursioun op d‘Journée Technique INNOV’ACTION zu Haroué (Lorraine)

InnovActionHeimat invitéiert d’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zesumme mam Oekozenter Pafendall op hir Dagesexkursioun op d’Journée Technique INNOV’ACTION op Haroué, en Donneschdeg, de 4. Juni 2015.

Et geet um 7:00 Auer zu Ettelbréck mam Bus fort, resp. um 07:45 vum P&R Howald Süd. Um 18:00 Auer maache mir äis vun dohannen erëm op de Réckwee.

Um Versuchsbetrib vun der louthrengescher Landwirtschaftskammer ginn innovativ landwirtschaftlesch Techniken a Forschungsprojete souwuel aus der konventioneller, ewéi och aus der biologescher Landwirtschaft virgestallt. Dozou ginn et iwwert de ganzen Dag verdeelt Konferenzen, Schauversich an Erfarungsberichter vu Baueren zu de Schwéierpunkten:

• Mechanesch Onkrautbekämpfung
• Fruchtfolgen an Ubausystemer zur Pestizidaspuerung
• Fudderbau (betriblech Eewäissversuergung)
• Leguminosenubau
• Zwëschefriichten
• Tolerant Sorten

Zousätzlech zum ëffentleche Programm gëtt dem Grupp eng Aleedung an de franséischen Aktiounsplang fir eng Pestizidreduzéierung ugebueden. Am selwechte Kader gëtt d‘Pilotbetriibsnetzwierk DEPHY Ferme, wou nei Methoden fir eng Sprëtzmëttelreduzéierung an der Praxis getest ginn, virgestallt.

Weider Informatiounen ginn et op cra-lorraine.fr & www.innovaction-agriculture.fr

Bäitrag: 25 € (Fir d’Onkäschte vum Bus ze decken). Umeldung bis den 2. Juni beim Claude Petit E-Mail : claude.petit@oeko.lu, Tel. : +352 43 90 30 48 & Fax. : +352 43 90 30 43

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert