E schéine Gest vun de Verantwortleche vun der Gemeng Ierpeldeng

Scheckiwwerreechung - Gemeng Ierpeldeng - 2De 25. Mäerz 2015 hunn déi Verantwortlech vun der Gemeng Ierpeldeng op eng Scheckiwwerreechung an d’Schlass agelueden. Zesumme mat de Memberen aus dem Scheffen- a Gemengerot huet den Här Buergermeeschter Claude Gleis, dem Abbé Romain Richer, President vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, e Scheck am Wäert vun 2.000 € iwwerreecht, fir domat d’Aarbechten, déi un der klenger Maternité am ‘Centre de santé Sainte Marie’ zu Soa am Kamerun realiséiert ginn, ze ënnerstëtzen. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten op de Säiten 12 an 13 am ONG-News 2015.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D huet den Abbé Romain Richer de Verantwortleche vun der Gemeng säi grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest vu Solaritéit mat de Fraen vu Soa am Kamerun.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert