Den Abbé Jean-Marie Konkobo op Besuch zu Lëtzebuerg

IMG_4766 - 2E Méindeg, de 27. Juli 2015 konnt den Abbé Jean-Marie Konkobo – dee bis Enn August 2015 an enger Par an der Géigend vun Angoulème, an der Charente, aushëlleft – kuerz um Siège vun der ONG-D am Centre Convict begréisst ginn. Hien ass den Initiator vun engem Kooperatiounsprojet, deen de Comité Villageois de Dévoloppement (CVD) vu Zambélé mat der Hëllef vun eiser ONG-D an der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär vu Mëtt September 2015 un zu Zambélé am Burkina Faso realiséiert.

Am Projet ass den Ausbau vun de bestehenden Infrastrukturen vun der Primärschoul an d’Versuerge vum Duerf mat Drénkwaasser virgesinn. De Projet beziffert sech op insgesamt 124.713,39 € a gëtt zu 75 % vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär cofinanzéiert: Descriptioun vum Projet

Op der Foto (v.l.n.r.): Marie-Antoinette Scheidweiler-Recken, Marcel Scheidweiler, Abbé Jean-Marie Konkobo, François Glodt

 

Downloads, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert