De Laurent Frantz an de WFO-Jongbauerecomité gewielt

Laurent Frantz in WFO-Jungbauernausschuss gewähltOp der dësjäreger Generalversammlung vum Weltbauereverband (WFO), déi vum 24. bis 27. Juni zu Mailand ofgehale gouf, ass niewent dem Lucas Van Dessel aus Flandern an dem Daniele Perrone aus Italien och dee  laangjärege Member vum Präsidium vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – de Laurent Frantz – an de  Jongbauerecomité vum Weltbauereverband gewielt ginn.

Op der Foto gesi mir de Laurent zesumme mat der neier Presidentin – der Mme Dr. Evelyn Nguleka – déi nom Här Peter Kandell un der Spëtzt vun der WFO steet.

Mir wënschen dem Laurent ‘Bonne Chance’ a vill Satisfaktioun an senger neier Funktioun an dësem wichtege Gremium.

 

CEJA

Hannerlooss eng Äntwert