Eng nei Presidentin fir d’Lëtzebuerger Landjugend

FB_IMG_1435651211309Zënter dem dësjärege Landjugenddag, deen de 14. Mee zu Garnech, resp. zu Héiweng vun der Landjugend Süden organiséiert gouf, huet d’Lëtzebuerger Landjugend (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Nelly Meyers.

Hir Virgängerin Kim Siebenaller, déi eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2013 u gefouert huet, huet hire Récktrëtt offiziell am Nationalcomité am Abrëll 2015 bekannt ginn. Kuerz virun deem dësjärege Landjugenddag huet d’Nelly sech du bereet erkläert, fir d’Funktioun vun der Presidentin vum 14. Mee 2015 un ze iwwerhuelen.

Mat dësem Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir eise Memberen, Frënn a Sympathisanten eis nei Presidentin virzestellen.

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert