Entrevue mam EU-Kommissär Phil Hogan am Kader vun der Foire Agricole

Fir den Ofschloss vum CEJA-Seminar, dee vum 1. bis den 3. Juli 2015 vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Zesummenaarbecht mam Service Jeunesse vun der Centrale Paysanne organiséiert gouf, haten déi Verantwortlech déi grouss Éier fir den zoustännegen EU-Kommissär Phil Hogan zu Ettelbréck am Däich ze begréissen.

Am grousse Reuniounssall an der Däichhal ass de CEJA-Vertrieder aus de Memberorganisatiounen d’Geleeënheet gebuede ginn, fir sech mam EU-Kommissär iwwer aktuell agrarpolitesch Themen auszetauschen. Den EU-Kommissär huet dësweideren un der offizieller Ouverture vun der Foire Agricole 2015 deelgeholl.

(Fotoen: François Glodt)

 

 

CEJA

Hannerlooss eng Äntwert