‘Burkina Days’ am Kader vun der Foire Agricole 2015

Am Kader vun der Foire Agricole 2015 (FAE) hu folgend Associatiounen an ONGen – déi a verschiddenen Domainen am Burkina Faso an der Entwécklungszesummenaarbecht täteg sinn – vum 3. bis 5. Juli 2015 an d’Däichwisen op Ettelbréck an hiert gemeinsamt Zelt vun de sougenannten “Burkina Days” invitéiert:  

Chrëschte mam Sahel
Fondation Dr Elvire Engel
Le Soleil dans la Main a.s.b.l.
– Partage Afrique
Solidaresch Aktioun Echternach
LJB & JW – Service Coopération a.s.b.l.

De Grondschoulklassen ass freides, den 3. Juli 2015, e flotte Rallye Burkina am Zelt ugebuede ginn, fir de Schoulkanner iwwer dëse Wee d’Liewensbedingunge vun de Kanner am ländleche Raum am Burkina méi nozebréngen. Samschdes, de 4. Juli a sonndes, de 5. Juli 2015 konnten sech och déi Kanner, déi d’FAE mat hiren Eltere besicht hunn, fir de Rallye aschreiwen.

Op den Informatiounsstänn hunn d’Visiteuren en Abléck an d’Aarbecht kritt, déi déi uewe genannten Associatiounen zënter laange Joren am Déngscht vun der lokaler Bevëlkerung leeschten.

An Zesummenaarbecht mat der franséischer Associatioun PROMMATA a mat den Ieselsfrënn Lëtzebuerg ass d’Aarbecht mam Iesel an dem Aarbechtsgeschir Kassin virgestallt ginn. Ville vun eise Memberen a Frënn ass bekannt, datt dës Aarbecht mam robuste Schaffdéier zënter 2008 am Centre Technique d’Amélioration de la traction Asine (CTAA) zu Imasgo an an de Partnerdierfer vum CTAA (Tiogo, Sabouna a Koalma) op breeder Basis mat Succès agesat gëtt, fir et deenen einfache Produzenten ze erméiglechen, hir Erträg op de Felder ze optimiséieren.

Iwwer Verkafs- an Iessstänn an engem flotten Animatiounsprogramm – mat afrikanesche Museker an Dänzer – konnt de Visiteure vun der FAE déi villfälteg afrikanesch Kultur méi nobruecht ginn.

De Stand vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” am Zelt vun de “Burkina Days” hat déi generéis Ënnerstëtzung vu/vun:

 

logo_2014_GADGETS - 2    VEW_CMYK


Fotoen:
François Glodt

Well e groussen Deel vun den Aktivitéiten op d’Sensibilisatioun vun de Schoulkanner opgebaut war, sinn hei verständlecherweis vill Fotoe publizéiert, wou Kanner drop sinn. Mir suppriméieren déi direkt, wann dat eventuell vun den Eltere gefrot gëtt. Maacht äis an deem Fall e Mail u landjugend@pt.lu a gitt äis d’Nummer vun der Foto/ de Fotoen un, déi an der Galerie geläscht muss/musse ginn.

 

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert