Staarken Asaz vun der LLJ an de LJB & JW während der Foire Agricole 2015

D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend, vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer a vum Grupp Zuucht vun de LJB & JW hunn op en Neits hiert Bescht ginn a staarken Asaz gewisen, fir eng ganz Rei Aktivitéiten an Aarbechte während der Foire Agricole 2015 ze bewältegen.

Niewent der Organisatioun an der Realisatioun vum CEJA-Meeting, dem Luxembourg Summer Classic Junior Open an der Koordinatioun vun de sougenannte Burkina Days hunn si e Freideg, den 3. Juli den Accueil vun de Schoulklassen (+- 2.500 Schoulkanner) an d’Féierung vun 18 Schoulklassen (11 moies, 7 mëttes) assuréiert. Dësweidere waren si iwwer déi dräi Deeg um Iess- a Gedrénksstand aktiv (Billergalerie).

Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert