Sympathesch Ënnerstëtzung vun der ONG duerch d’Bewunner vun der Résidence des Ardennes vu Klierf

Scheck - Résidence des Ardennes - 28-10-2015 (2)E Méindeg, den 28. Oktober 2015 hunn d’Pensionnaire vun der “Résidence des Ardennes” op eng Scheckiwwerreechung zugonschte vun de Kooperatiounsprojete vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” op Klierf agelueden.

Am Kader vun enger klenger sympathescher Feier ass dem Abbé Romain Richer (op der Foto: 1.v.l.), President vun der ONG, deen offizielle Scheck am Wäert vun 1.535 € iwwerreecht ginn. Dës Zomm hunn d’Bewunner vum Altersheim am Laf vum Joer duerch de Verkaf vu verschiddene selwergemaachte Produite gesammelt. Mat vill Léift goufe vun hinnen Zockerwäffelcher gebak, Gebeess gekacht, Likör gemaach, Strëmp gestréckt a Lavendel-Säckelcher gebitzt, fir se am Interessi vun der gudder Saach un d’Fra/de Mann ze bréngen.

Déi gesammelt Sue fléissen deemno integral an d’Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun“, mat där de Verwaltungsrot vun der ONG déi Verantwortlech vun der klenger Maternité beim Beschafe vun néidegem Material ënnerstëtze wëll.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Pensionnaire vun der “Résidence des Ardennes” e ganz, ganz grousse Merci fir hire sympatheschen Asaz zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert