Visite vun der Dr. Antoinette Kapinga

Visite Dr Antoinette Kapinga 12-10-2015

V.l.n.r: Jacqueline Monville, Chargée de projets, François Glodt, Sekretär vum CA, Dr. Antoinette Kapinga, Romain Richer, President vum CA

E Méindeg, den 12. Oktober 2015 konnt d’Madame Dr. Antoinette Kapinga vun de Vertrieder vun eiser ONG an der Zentral am Centre Convict begréisst ginn, wou si op hir rezent Evaluatiounsaarbecht vum Kooperatiounsprojet “Optimisation des activités éducatives et humanitaires des communautés locales des Soeurs de Sainte Marie” am Kongo (RDC) agaangen ass.

Wéi et am Projet virgesinn ass, war d’Madame Kapinga vun der ONG beoptragt ginn, fir d’Aktiounen ze iwwerpréiwen, déi zu Djuma, Sia a Kikongo Nkoy vun 2012 bis 2015 vum lokale Partner ëmgesat gi sinn.

Déi sympathesch Expertin huet – wéi dat och scho fir déi éischt Etapp vum Projet (Detailer zu dëser Etapp fënnt een op de Säiten 3 – 7 am ONG-News 2007) de Fall war – bescheinegt, datt d’Aarbechten op der Plaz korrekt a professionell ëmgesat gi sinn. An hire Conclusiounen ënnersträicht si, datt d’Interventiounen, déi vum südleche Partner – mat der finanzieller Ënnerstëtzung aus dem Norden – duerchgefouert ginn, tatsächlech d’Beneficiairen erreechen. Dësweidere weist d’Madame Kapinga an hirem Rapport op dee positiven Impakt hin, deen duerch d’Aktioune vun de Schwësteren an der Géigend ronderëm de Projet ze verzeechne sinn.

Si felicitéiert an encouragéiert d’Schwëstere fir hir Aarbecht am Déngscht vun de mannerbemëttelte Populatioune mat vill Energie weiderzeféieren. De Vertrieder vum Verwaltungsrot vun eiser ONG huet si de grousse Merci weiderginn, deen deen d’Schwësteren, d’Vertrieder vun de lokalen Autoritéiten, d’Schoulpersonal an d’Eltere vun de Schoulkanner un d’Adress vum Service Coopération vun de ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer’, vun den Donateuren a vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär geriicht hunn.

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert