Aarbechtsvisite vun de Soeurs de Sainte Marie aus dem Kongo an dem Kamerun

Visite SSMN - 19-10-2015

D’Schwëstere mat enger Begleederin an de Vertrieder vun der ONG (v.l.n.r.): Romain Richer, President, Franz Glodt, Sekretär, Sr Marie Brigitte Katona, Mme Marie, Sr Marcelline Luzala, Jacqueline Monville, Chargée de projets, Sr Marie Pierrette Akoa Oboé

E Méindeg, den 19. Oktober 2015 konnten – niewent der Schwëster Marie Brigitte Katona, Provinzialoberin vun de ‘Soeurs de Sainte Marie de Namur’ fir de Kongo an de Kamerun – d’Schwëstere Marcelline Luzala aus dem Kongo a Marie Pierrette Akoa Oboé aus dem Kamerun vun de Vertrieder vun der ONG am Centre Convict begréisst ginn.

Déi lokal Schwëstere-Communautéite vun de Soeurs de Sainte Marie de Namur (SSMN) gehéieren zënter laange Joren zu de Partner vun eiser ONG. Während der Aarbechtsvisite sinn d’Schwësteren op den aktuelle Stand vun de Kooperatiounsprojeten agaangen, déi an deene leschte Jore mat der Ënnerstëtzung vun eiser ONG an dem Lëtzebuerger Kooperatiounsministär zu Djuma a Sia am Congo, resp. zu Soa am Kamerun realiséiert goufen.

Och ass eng weider Zesummenaarbecht mat den dynamesche Schwësteren an d’A gefaasst ginn. Deemno gouf proposéiert, fir an deenen nächste Joren an der Géigend vun Ndunga (bei Kikwit) am Kongo, e Projet intégré ze lancéieren – deen niewent der Konstruktioun vu Schoulgebaier an engem landwirtschaftleche Volet – d’Förderung vun de Fraen an der Gesondheet vun der lokaler Populatioun am Allgemenge virgesäit.

Bedéngt duerch déi grouss Demande vu Säite vun de Fraen, huet d’Schwëster Marie Pierrette hirersäits proposéiert, fir e weideren Ausbau vum Dispensaire zu Soa am Kamerun unzegoen.

Esoubal déi konkret ‘Demandes de cofinancement’ finaliséiert sinn, komme mir hei mat Sécherheet op dës interessant Projeten zréck.

Detailer zu de Kooperatiounsprojeten, déi zu Djuma a Sia am Kongo, respektiv zu Soa am Kamerun realiséiert goufen, fënnt deen Interesséierten am ONG-News 2015.

 

 

Downloads, Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert