E Sonndeg, den 22. November 2015 huet d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer op hiren traditionelle sougenannten “Jongbaueren- a Jongwënzerdag” agelueden, fir engersäits op en Thema anzegoen, wat deene Jonken aus dem Beruff um Häerz läit, an anerersäits Positioun ze huelen zu aktuellen agrarpoliteschen Uleies:
- Usprooch vum Jeff Boonen, President
- Referat vum Dr. Mathias Binswanger zum Thema vum Owend: Globalisierung und Landwirtschaft – Mehr Wohlstand durch Freihandel
- Agrarpolitesch Stellungnahm vun de LJB & JW: Méi regional agéieren a regléieren
Op en Neits hate sech vill Autoritéiten an Acteuren aus der Landwirtschaft am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck afonnt, wéi een an der Billergalerie ka gesinn.
Echoen aus der Press:
RTL-Reportage zum Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2015: “Et gëtt net genuch fir d’Landwirtschaft gemaach”
“Luxemburger Wort” vum 24. November 2015: Warten auf das Agrargesetz