Ënnerstëtzung vun eiser Kooperatiounsaarbecht an Afrika

E Freideg, den 18. Dezember 2015 hunn déi Verantwortlech aus dem Lycée Technique Agricole (LTA) vun Ettelbréck am Kader vun enger Reunioun vun der „Cellule de Développement Scolaire“ op eng Scheckiwwerreechung zugonschte vun der Kooperatiounszesummenaarbecht an Afrika vun eiser ONG-D invitéiert. Bei där Geleeënheet konnt en Deel vum Erléis vum Fréijoersmaart – deen 2015 eng éischte Kéier während der järlecher Porte ouverte vum LTA organiséiert gouf – un d’Vertrieder vum Service Coopération vun de „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ iwwerreecht ginn.

De Fréijoersmaart gouf vun de Schüler vun der 13e Agricole – an Zesummenaarbecht mat de Professeren an der ganzer Schoulgemeinschaft – organiséiert. D’Initiativ fir d’Porte ouverte mat engem Fréijoersmaart ze verbannen ass am Laf vum Schouljoer vun der Journée pédagogique ausgaangen. Eng Rei vu Produzente mat regionale Produkter haten sech och spontan bereet erkläert fir matzemaachen.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir den Initiatoren an der ganzer implizéierter Schoulgemeinschaft e ganz grousse Merci fir dëse schéine Gest zugonschte vun der mannerbemëttelter Bevëlkerung am Kamerun. Déi gespenten Zomm (1.500 €) fléisst integral an d’Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun“.

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert