Wäertvollen Asaz vum Marcel Scheidweiler fir de Bauerestand am Burkina Faso a fir d’ONG hei zu Lëtzebuerg

Dem Marcel e grousse MerciNo de sougenannten „Burkina Days”, déi eis ONG am Kader vun der Foire Agricole vun Ettelbréck mat verschiddenen anere Lëtzebuerger ONGen an Associatiounen organiséiert huet (3. – 5. Juli 2015), huet de Marcel Scheidweiler säi Récktrëtt aus dem Conseil d’administration vun der ONG bekannt ginn, fir déi hie während laange Jore vill a wäertvoll Aarbecht geleescht huet.

Vum Abrëll 1960 bis Februar 1961 war de Marcel selwer zu Imasgo an der Obervolta (haut Burkina Faso) täteg, fir d’Aarbecht weiderzeféieren, déi den Tony Mailliet 1959 – mam Impuls vum Pater Henri Spoden s.j. – ugestouss an domat de Grondstee geluecht huet vun enger laanger Geschicht, wat d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika betrëfft.

Mat dësem Interview komme mir zréck op dem Marcel säi laangjäregt Engagement fir de Bauerestand am Burkina Faso a fir eis ONG hei zu Lëtzebuerg.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert