Scheckiwwerreechung vu BAKO

Scheck - BAKO - 22-03-2016 - 2En Dënschdeg, den 22. Mäerz 2016 hunn déi Verantwortlech vun der Bauere Kooperativ (BAKO) d’Vertrieder vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération” an d’Presidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend, Nelly Meyers, an hir Raimlechkeeten op Housen agelueden.

A Präsenz vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen  hunn si e Scheck am Wäert vun 1.329,27 € un den Abbé Romain Richer (3.v.l), President vun der ONG, an un de Carlo Schiltges (1.v.l.), Vize-President, iwwerreecht. Mat dësem Don – dee bestëmmt ass, fir d’Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun” ze ënnerstëtzen – weisen sech déi Verantwortlech vu BAKO erkenntlech, fir den Asaz, deen d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend op hirer Porte ouverte am September 2015 geleescht hunn.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D riichte mir e grousse Merci u BAKO fir dee schéine Gest zugonschte vun de Frae vu Soa. Informatiounen zu der Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun” fënnt deen Interesséierten an dësem Flyer.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert