Visite de suivi 2016 am Burkina Faso

Am Kader vun hirer rezenter Visite de suivi (vum 6. bis 13. Mäerz 2016) hunn d’Jacqueline Monville, Chargée de projets, an de Philippe Mitsch, Member vum Conseil d’administration vun der ONG-D, ënner anerem d’Vertrieder vun de Partner-Organisatioun AMUS (Mains Unies du Sahel) an déi Verantwortlech vum Kooperatiousprojet CTAA (Centre Technique d’Amélioration de la traction Asine) getraff, fir mat hinne konkret Schrëtt ze plangen, déi eng eventuell weider Etapp vum laangjärege Kooperatiounsprojet CTAA am Hierscht 2016 méiglech maachen.

Bekanntlech gëtt de Kooperatiounsprojet CTAA zënter 2008 zu Imasgo vun der Partner-Organisatioun ëmgesat a begleet. Aktuell Informatiounen zu dësem Kooperatiounsprojet fënnt deen Interesséierten op de Säiten 3 -13 am ONG-News 2016.

Dësweideren hunn si den Abbé Jean-Marie Konkobo mat den Zoustännege vum CVD (Conseil Villageois de Développement) vu Zambélé getraff, déi 2015 déi bestehend Infrastrukturen vun der lokaler Grondschoul mat der Ënnerstëtzung vun eiser ONG-D an dem Lëtzebuerger Kooperatiounsministär ausgebaut hunn. Aktuell Informatiounen zu dësem Kooperatiounprojet sinn op de Säite 14 – 15 am ONG-News 2016 ënner dem Titel “Ausbau der Infrastrukturen der Grundschule und Versorgung der Dorfbewohner mit Wasser” ze fannen.

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert