Am Kader vun hire respektiven dësjärege Generalversammlungen hunn déi regional Landjugendgruppen Cliärref, Maacher, Süden an Zenter, d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” mat deelweis iwweraus generéise Schecken ënnerstëtzt.
Deemno huet d’LLJ Cliärref dem Abbé Romain Richer, President vum Verwaltungsrot vun der ONG, e Scheck am Wäert vu 6.500 €, d’LLJ Maacher e Scheck am Wäert vu 750 €, d’LLJ Süden e Scheck am Wäert vun 2.000 € an d’LLJ Zenter e Scheck am Wäert vun 2.500 € iwwerreecht.
Am Numm vum Verwaltunsrot vun der ONG soe mir deene Verantwortlechen aus deenen genannte Landjugendgruppen e ganz, ganz grousse Merci fir dës wonnerbar Geste vu Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevëlkerung an Afrika.