Vereinfachung vun der Struktur vun der LLJ

LLJ - AG 2016_028Opgrond vun den Iwwerleeungen, déi de 14. Mäerz 2015 op der “Journée de réflexion” zu Miedernach an an den doraus ervirgaangenen Aarbechtsgruppen (Sekretariat, Verbandszeitung, Sensibiliséierungsaarbecht am Kader vun der ONG-D) gemaach gi sinn, ass – ënner anerem – proposéiert ginn, fir d’Struktur vun der “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer” un déi aktuell Gegebenheeten unzepassen.

Déi definitiv Decisioun, fir dëse Schratt ze goen, gouf op den dësjärege  Generalversammlunge vun de regionale Gruppen, resp. Memberorganisatiounen (Cliärref, Dikkrich, Furen, Maacher, Süden, Uewersauer, Zenter) a vun der ONG-D zur grousser Majoritéit ugeholl.

Deemno sinn op den extraordinäre Generalversammlungen, déi de 15. Abrëll 2016 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale goufen, ënner anerem d’Opléisung vun der “Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l.” an der Daachorganisatioun “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l.” virgeholl ginn. D’Elementer, déi déi béid Associatiounen ausgemaach hunn, sinn an den iwwerschaffte Statute vun de “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” verankert.

Mat der Statutenännerung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer (15. Abrëll 2016) dréit déi aus deenen dräi Associatiounen zesummegestallten A.s.b.l. dann och den Numm “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (kuerz: LLJ a.s.b.l.):

Neien Organigramm (wann all d’Statutenännerungen ofgeschloss sinn)
Usprooch vum Remy Harpes

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert