Landjugend-Power-Aktioun 2016

LandjugendPowerVum 10. bis den 11. September 2016 ass d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op en Neits ueschter d’Land op benevoler Basis fir Iech am Asaz. Och während der – ëmmerhin – schonn 10. Editioun (2000, 2002, 2004, 2005, 2006, 2008, 2010, 2012, 2014) vun der Landjugend-Power-Aktioun leeschten déi siwe regional Landjugendgruppen a folgenden Uertschaften hire Bäitrag zum Wuel vun der Allgemengheet:

D’LLJ Cliärref zu Maarnech; d’LLJ Dikrech zu Ierpeldeng (Sauer), d’LLJ Furen zu Baastenduerf; d’LLJ Maacher zu Mënjecker; d’LLJ Süden, d’LLJ Uewersauer zu Ierpeldeng (Wooltz), d’LLJ Zenter zu Miersch.

Während der Aktioun, déi sech op 36 Stonne limitéiert, hunn d’Memberen aus de Gruppe vun der LLJ d’Aufgab, eng gemeinschaftlech Aarbecht duerchzeféieren, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Raum zegutt kënnt. D’Aufgab, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert, gëtt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si bleift allerdéngs bis dee leschte Moment geheim. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir gëtt de Gruppe vun den technesche Servicer aus der Gemeng zur Verfügung gestallt.

An deene vergaangene Joren sinn ënner anerem folgend Aufgabe vun der LLJ gemeeschtert ginn: Uleeë vun engem Beach-Volleyball-Terrain, engem Arboretum, engem Léierpad, engem Léiergaart, vu Petanque-Pisten, Wanderweeër, Spill-, Grill- a Raschtplazen, Picknickhaisercher, Chaleten, den Amenagement vum Ëmfëld vun engem Monument, Restauratiounsaarbechten u Schoulen a Wäschbueren,…

Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun:

LaLux

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert