E schéine Gest fir d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG

Scheck Jacques Melkert (2)Mat 15 Joer huet hien ugefaangen; elo, no 43 Joer Schaffen op sengem Bauerebetrib, huet den Här Jacques (Cooki) Melkert vun Essen seng Pensioun gefeiert. Zesumme mat senger Fra Simone huet hien seng Famill, Frënn a Kollegen op e Fest invitéiert a bei där Geleeënheet och e Scheck am Wäert vun 1.500 € fir d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ un déi zwee Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der ONG iwwerreecht (riets vum Här Melkert, d’Madame Wolter-Hilgert; lénks vun him, d’Madame Martine Majerus-Clemes).

Mir soen dem Här Melkert e grousse Merci, fir dëse generéise Gest a wënschen him all Guddes a vill Freed an dëser neier Etapp vu sengem Liewen.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert