Erfahrungen, déi een net méi mësse wëll

E Grupp vun zéng Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a vun der ONG war vum 26. August bis 3. September 2016 op Visite am Kamerun

„Véronique, wou si mir dann hei?“ „Ma mir si grad mat eisem 4×4 am Kamerun ënnerwee op Jakiri…“ sou hunn eng sëllech vum Philippe senge Video-Opnahmen ugefaangen. E Grupp vun zéng Persounen, bestoend aus Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) an dem Service Coopération vun der LLJ (ONG), hunn sech de 26. August 2016 an de Kamerun op de Wee gemaach, fir engersäits de Kooperatiounsprojet vun der ONG “Maternité vu Soa” an awer och d’Land an d’Leit – an deem d’ONG zënter laange Joren aktiv ass – kennenzeléieren.

D’Schwëster Marie Pierrette, ssmn, Responsabel vum Centre de Santé a vun der Maternité vu Soa, huet de Grupp duerch d’Gebailechkeeten, déi mat Hëllef vun der ONG opgebaut an equipéiert goufen, gefouert. Bei där Geleeënheet huet de Grupp d’Dokteren an d‘Infirmièrë getraff, déi an der Maternité schaffen, an huet sech mat hinnen iwwer den Alldag an der Maternité ausgetosch. No engem ergräifenden Temoignage vun enger Mamm, där hire Jong no enger Fréigebuert mat Hëllef vun enger Couveuse konnt opgepäppelt ginn an esou gesond opgewuess ass, konnt de Grupp d’Frae besichen, déi grad accouchéiert haten. Fir hinne fir d’Gebuert vu hire Bëbeeën ze gratuléiere gouf hinnen e klenge Kaddo iwwerreecht.

Vu, datt et och drëm gaangen ass, fir bei dëser Rees d’Land a d’Leit kennenzeléieren, huet den Abbé a seng Disciplen sech queesch duerch de Kamerun op de Wee gemaach. De Wee huet dobäi vu Yaoundé aus iwwer beschwéierlech Pisten op Jakiri gefouert, fir déi typesch Naturlandschaften am Norde vum Kamerun ze entdecken. Dono ass de Grupp op Zoétélé bei d’Schwester Scholtus – eng Lëtzebuergerin, déi säit 36 Joer am Kamerun lieft – gefuer. Hei war dann och d’Geleeënheet an d’Duerf ze goen a mat de Leit, déi do am Reebësch wunnen, ze schwätzen an déi vun hinnen ugebuede Kokosnëss, den Zockerrouer, de Kakao an d’Raupen ze schmaachen. Op der Visite vun der Kakaosplantage konnt de Grupp gesinn, mat wéi engen einfache Methoden – nämlech mat enger einfacher Machete – d’Plantagen ënnerhale ginn.

No enger ustrengender Woch, mat villen neien Andréck, huet de Grupp sech dunn erëm op den Heemwee gemaach. Déi gesammelt Erfahrungen – wéi ënner anerem den oppenen Empfang bei de Leit, déi de Grupp besicht huet, de Stroum an d’Waasser, déi net ëmmer zur Verfügung stoungen,…  – wäerte bei de Membere vum Grupp nach laang nowierken.

Philippe Mitsch

 

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert