LLJ.News – eng nei sprëtzeg Zeitung fir eis Associatiounen

llj-news-0-2016-klengEng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.” (LLJ) ass fir Oktober 2016 virgesinn. Si gëtt ënner dem Numm “LLJ.News” publizéiert an ersetzt d”Duerf” dann definitiv vum Januar 2017 un.

Wéi eis Presidentin Nelly Meyers an hirem Virwuert vun der 1. Ausgab vum neie Blat geschriwwen huet, wëssen d’Insider, datt eis Associatiounen zënter de Statutenännerungen – déi am Abrëll 2016 op den aussergewéinleche Generalversammlunge beschloss gi sinn – ënnert enger neier Struktur funktionéieren. Dat huet verständlecherweis eng Rei méi oder manner grouss Ännerunge mat sech bruecht. Eng vun dëse siichtbaren Ännerungen huet sech op eis Zeitung, déi ëmmerhi schonn zënter 1945 ënner dem Titel „Duerf“ publizéiert gëtt, ausgewierkt.

No der laanger Zesummenaarbecht mat der KMA, wat déi gemeinsam Publikatioun vum „Duerf“ betrëfft, trennen sech eis Weeër am Januar 2017. An engem Aarbechtsgrupp hu mir äis deemno iwwer d’Joer 2016 erduerch zesummegesat an en neit Konzept fir eis eegen Zeitung ausgeschafft.

Inhaltlech setze mir den Akzent op d’Aktivitéiten, respektiv déi markant Evenementer vun eisen Associatiounen an de regionale Gruppe vun der LLJ – dat mat méi Fotoen, déi fir sech schwätzen – an deemno mat manner Text. Déi regional LLJ-Gruppe wäerten och selwer turnusméisseg déi eng oder aner Säit pro Ausgab gestalten. Verständlecherweis kënnt d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” an Afrika leescht, an déi e wichtege Bestanddeel vun eisen Associatiounen duerstellt, am neien LLJ-News net ze kuerz.

En éischte “Schnupper-Exemplaire” gëtt eise Memberen an Abonnenten deemno am Oktober 2016 zougestallt, éiert et am Januar 2017 da mat deem neie Blat – dat 4 Mol am Joer ënner d’Leit kënnt – weidergeet. Mir hoffen, datt Iech déi nei Zeitung gefält a wënschen Iech elo scho vill Spaass beim Entdécke vun dëser – wéi mir iwwerzeegt sinn – sprëtzeger neier Ausgab vun eisem Verbandsblat.

Wann Dir net Member vun der LLJ sidd an um LLJ.News interesséiert sidd, kënnt Dir äis kontaktéieren:

per E-mail: secretariat@jongbaueren.lu
per Telefon: 44743 – 252 oder
per Fax: 44743 – 563

D’Jorescotisatioun fir d’Memberschaft bei der LLJ, déi en Urecht op 4 Zeitungen/Joer gëtt: 10 €.

Nächst Publikatiounen:

  • 26. Oktober 2016
  • 29. Mäerz 2017
  • 28. Juni 2017
  • 27. September 2017
  • 27. Dezember 2017

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert