Kaffisstuff am Kader vum 43. Landjugenddag

Loosst äis mat dëse Fotoen och nach op d’Kaffisstuff zréckkommen, déi am Kader vum 43. Landjugenddag vun de Memberen a Frënn vum ‘Service Coopération’ vun der ‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren’ organiséiert a realiséiert gouf. Den Erléis – och wann en sech a Grenzen gehalen huet – fléisst integral an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG am Burkina Faso am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung leescht.

All deenen, déi eng Hand am Virfeld an och um Dag selwer mat ugepaakt hunn, e ganz grousse MERCI 🙂 !!! Dësweideren e ganz, ganz grousse MERCI 🙂 all deenen, déi sech spontan bereet erkläert haten, fir d’Kaffisstuff mat Kuchen a Taarten ze beliwweren!!!

Fotoen: Jacqueline Monville, François Glodt

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert