Wonnerbare Gest vun de „Fraen a Mammen“ vun Helleng/Fréiseng

Bei Geleeënheet vun enger vun hire reguläre Reuniounen hunn déi Verantwortlech vun de „Fraen a Mammen“ vun der Sektioun Helleng/Fréiseng, dem Vertrieder vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ e generéise Scheck iwwerreecht, fir d’Entwécklungszesummen-aarbecht ze ënnerstëtzen, déi d’Hëllefsorganisatioun zënter laange Joren am Burkina Faso leescht. Déi impressionnant Zomm vun 8.000 € ass deelweis bei den Theaterowender zesummekomm, déi déi dynamesch Dammen all Joer jeeweils am Februar/Mäerz fir e gudden Zweck organiséieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG, de sympatheschen Dammen säi grousse Merci ausgedréckt a verséchert, datt dës Suen integral an d’Kooperatiounsprojete fléissen, déi vun de lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung realiséiert ginn.

Un der Scheckiwwerreechung  hunn sech och d’Sekretären, resp. Membere vun der Landjugend „Süden“ bedeelegt, déi am gudde Kontakt mat de Verantwortleche vun der lokaler Sektioun vun de „Fraen a Mammen“ stinn, a regelméisseg op den Theaterowender mat derbäi sinn. Op der Foto gesäit een deemno op den Huppe riets (v.l.n.r.) de Pol Majerus, d’Angèle Mersch an d’Camilya Berriri, déi sech an hirem regionale Grupp och fir d’ONG staark maachen.

Foto : Romain Richer

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert