Jongbauerendag 2017

E Sonndeg, den 19. November 2017 huet den Nationalcomité vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) op deen traditionelle Jongbauerendag zum Thema “Um Wee zur Agrarpolitik 2020” op Ettelbréck invitéiert.

Vill Autoritéiten, Frënn a Sympathisante vun der LLJ haten sech op en Neits am Festsall vum Lycée Technique Agricole afonnt, fir sech iwwer d’Demarchen am Hibléck op d’EU-Agrarpolitik 2020 ze informéieren, iwwer déi den Här Frank Schmit, Conseiller bei der Permanenter Vertriedung bei der EU, referéiert huet.

Hirersäits hunn de Pol Wagner a Jeff Schmit, Membere vum Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik”, d’Stellungnam vun der LLJ zu den aktuellen agrarpoliteschen Thematike virgedroen, op déi den Här Fernand Etgen a senger Funktioun als Landwirtschaftsminister zum Schluss vum Owend am Detail agaangen ass. (Dem Minister seng Wierder ginn an deene beschten Delaien och hei publizéiert).

 

Downloads, Fotoen, LLJ

Hannerlooss eng Äntwert