LLJ.News 4/2017

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.4/2017) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm de 15. Dezember 2017 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir nees an dëser Zeitung op déi wichteg Aktivitéiten an Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn: d’Ausschaffe vum Landjugendkalenner 2018 (deen an der Tëschenzäit bestallt ka ginn), den Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017 zu Clierf, den Tour op Amsterdam vun iwwer 60 Membere vun der LLJ (21. – 22. Oktober 2017), deen traditionellen a gutt besichte Jongbauerendag zum Thema „Um Wee zur Agrarpolitik 2020“ (19. November 2017 zu Ettelbréck), …

Dësweidere werfe mir dës Kéier e Bléck op d’Schaffen an – wéi kann et anescht sinn – d‘Feieren an de regionalen LLJ-Gruppen „Cliärref“ a „Süden“.

Op de Säiten 18 a 19 vun dëser Ausgab komme mir dann an der Haaptsaach op dee vu laanger Hand  preparéierten „Burkina Dinner“ zréck, wou den 30. Oktober 2017 ronn 400 Leit derbäi waren, fir e puer flott Stonnen zesummen am Interessi vun der gudder Saach an der Däichhal zu Ettelbréck ze verbréngen.

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252  oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert